Top-News

Permanence COVID-19

Afin de répondre aux questions dans le cadre de la situation sanitaire actuelle et d’apporter notre soutien,
l’équipe du SePAS assure une permanence téléphonique 7 jours sur 7, de 09h00  à 20h00 au numéro 621-409-127.

Den LTEtt feiert seng 50 Joer!

Op eiser Gebuertsdagssäit fannt Dir:

  • Informatiounen zu eisem Pätter- a Giedel-Projet « 50 Beem fir den LTEtt »
  • d’Aschreiwungsméiglechkeet fir Member bei de « Frënn vum LTEtt » ze ginn
  • Informatiounen zu eisem Buch « 50 Joer Lycée Technique vun Ettelbréck »
  • Reportagen a Filmer

Gesicht: Ancien an/oder Frënd vum LTEtt

Am Kader vun eise Feierlechkeete siche mir Leit déi duerch eis Schoul gaange sinn; déi eng an der Schoulbänk, anerer hannert dem Pult, fir net déi ze vergiessen, déi op déi eng oder aner Manéier fir eis Schoul do waren. Dofir wiere mir frou wann Dir Iech an eis Lëscht géift aschreiwen, da kritt Dir zu deene jeeweilege Geleeënheeten Informatiounen zougeschéckt.

Link fir op de Formulär

Dernières nouvelles

Remise des diplômes BTS

Op enger flotter Feier krute geschter eis BTS-Studenten no der Corona-Verlängerung hire wuelverdéngten Diplom an der Maison du savoir op der Uni um Belval. Bravo an mir wënschen hinnen nach vill Succès bei hiren nächste Schrëtt. Lire la suite →

Mam iPad zum « Mountainclimber » ginn

Am Kader vum « one2one »-Projet kruten dës Woch méi wéi 200 Schülerinnen a Schüler am Lycée Technique vun Ettelbréck hir iPaden. All Schülerin a Schüler vun de 4G-Klassen huet sou en eegenen Tablett, deen net nëmmen an der Schoul, mee och doheem fir pedagogesch Zwecker genotzt gi kann. Nei ass dëst Joer, datt den Informatik-Team vum iteach-Grupp ënnerstëtzt gouf.

Lire la suite →

De Brennstoffzellenauto – E Réckbléck op 2019/2020 … an en Ausbléck op d’Zukunft vun der Mobilitéit

D’3GIG huet sech am Cours vum Luc Azzeri, Henri Birchen a Paul Schmit am Schouljoer 2019/20 mam Thema Brennstoffzellenauto beschäftegt, mee net eleng an der Theorie: si hunn hiren eegenen Auto entwéckelt a gebaut! Hei de Video zum Projet.

Kick-Off vun der GSE 20/21 – Dëst Joer Visite vun der Kaalbermillen

En Dag virun der offizieller Rentrée sinn d’Schüler vun der Sektioun Sciences Environnementales (GSE) an hier Enseignanten am Kader vun engem Kick-Off op d’Kaalbermillen an der Gemeng Clierf gefuer.

Lire la suite →

En Insektenhotel fir den LTEtt

 

 

Am Schouljoer 2019/2020 huet d’2GCGF am Kader vun hirer Optioun « Sciences naturelles » en Insektenhotel gebaut an och en Informatiouspanneau erstallt. Merci fir dëse Bäitrag zur Nohaltegkeet!

Lire la suite →

Attachments

Wierdëgen Ofschloss vun der Lycéeszäit: 107 Premièresschüler am Lycée Technique vun Ettelbréck hate Grond fir ze feieren

5 Diplomiwwerreechunge bannent 3 Deeg: et gouf am Juli vill ze feieren am Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt). Aplaz vun enger grousser Diplomfeier fir all d’Ofschlossklasse ware wéinst den anzehalende sanitäre Mesurë 5 eenzel Feieren organiséiert ginn an d’Laureaten an hir Famillje souzen zesummen op « Familljendëscher ».

Lire la suite →

D’Diplomfeier vun der GSE, der GIG an der TPEE

Mir hunn eis gefreet, de leschte Freiden eis Premières-Schüler vu GSE, GIG an TPEE mat hirer Famill kënnen ze empfänken an hinnen e feierlechen Ofschloss vun hirer Lycéeszäit ze erméiglechen.

Lire la suite →

Faszination Sachquelle: Anschaulicher Geschichtsunterricht

Die Covid-19-Pandemie stellt seit Monaten das Leben der Schüler und die Unterrichtsvorbereitung der Lehrer auf den Kopf. Bewährte Unterrichtskonzepte können nur noch schwer durchgeführt werden und neue Herausforderungen müssen gemeistert werden. In diesen Zeiten sind Museumsbesuche für größere Gruppen nur schwer möglich. Umso erfreulicher ist es, dass das Militärmuseum in Diekirch (MNHM) den Schulen Sachquellen in sogenannten pädagogischen Koffern zur Verfügung stellt. Den Schülern wird so die Möglichkeit geboten, Geschichte anhand von historischen Objekten neu zu erleben.

Lire la suite →

50 Joer LTEtt – E klénge Réckbléck op déi offiziell Feier

Dëst Schouljoer feiert de Lycée Technique vun Ettelbréck seng 50 Joer an dofir wor am Mäerz am CAPE eng grouss Gebuertsdagsfeier. Nieft dem aktuelle Personal haten awer och vill fréier Enseignanten a Frënn vum LTEtt de Wee an de CAPE fonnt. Si goufen direkt mat engem musikalesche Flashmob iwwerrascht, bei deem en Enseignant-Ensembel den Happy Birthday mat Instrumenter a verschiddenen Ecker vum Sall ugestëmmt huet.

Lire la suite →

Den LTEtt ass Trumpf!

Déi 10. Mini-Entreprise aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck hat sech eppes afale gelooss: hirt Kaartespill, dat se “Games of Norden” genannt hunn, huet sech gutt verkaf. Dat ass kee Wonner, well 32 Gemengen aus dem Norde spille géintenee Quartett oder Trumpf. Si moossen sech a 6 Kategorien, vun der Unzuel vun Awunner, iwwert d’Bëschfläch bis bei d’Unzuel vu Firmen oder Schoulkanner.

Lire la suite →

YOUNG ENTERPRISE PROJECT – VICTOIRE DE NOTRE EQUIPE « GREELO »

 

Le 19 mai dernier a eu lieu la finale de la 9ème édition du programme Young Enterprise Project (YEP) de l’asbl Jonk Entrepreneuren, sous format digital. Au total, 22 équipes (100 étudiants) en formation supérieure de différents BTS (Brevet de Technicien Supérieur) et provenant de 3 établissements scolaires ont participé à l’édition 2019-2020.

Lire la suite →

Videos

ACCU – pièce chorégraphique SIEBEN

Résidanse d’hiver – Jill Crovisier

A travers des ateliers de danse dans le milieu scolaire, les élèves de la classe d’accueil ACCU ont eu la possibilité de plonger dans le monde artistique de la pièce chorégraphique SIEBEN de Jill Crovisier.   (Vidéo) Lire la suite →

12